dcsimg

Walen ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Walen (Cetacea) sinn eng Uerdnung vu Mamendéieren déi all am Waasser, déi meescht vun hinnen am Mier, liewen. Duerch hir Kierperform gläiche s'am Ausgesinn de Fësch, woufir se fréier alt fälschlecherweis Walfësch genannt goufen.

Et gëtt weltwäit eng 80 bis 90 Walaarten. 5 dovu liewen am Séisswaasser, déi aner liewen am Mier.

Famillen

Wale ginn an zwou Ënneruerdnungen agedeelt: Baartewalen (Mysticeti) an Zännwalen (Odontoceti). Nieft de Baarten an den Zänn gëtt et nach aner anatomesch Critèren, fir déi zwou Ënneruerdnunge vuneneen z'ënnerscheeden.

Do derbäi kommen Dosende vu Fossilienaarten aus de Gattungen Ambulocetus, Pakicetus a Basilosaurus, déi an d'Ënneruerdnung Archaeoceti klasséiert ginn.

Morphologie

Déi verschidde Walaarten hunn all e stroumlinnefërmege Kierper, eng glat Haut ouni Hoer a keng Ouermuschelen, Kennzeechen déi e séiert Virukommen am Waasser méiglech maachen. Se hu keng Krallen a keng baussenzeg Ouerlächer (de Gehéierkanal ass no baussen zou). Déi viischt Patten hu sech am Laf vun der Evolutioun zu Flossen entwéckelt déi Flipper genannt ginn. D'Floss um Réck, déi Finn genannt gëtt, feelt bei enger Rëtsch Aarten. De Schwanz ass zu enger Floss ëmgewandelt, déi Fluke genannt gëtt, an horizontal zum Rescht vum Kierper steet (bei de Fësch steet d'Schwanzfloss senkrecht). Déi hënnescht Patte si komplett zréckgebilt.

Wéi all aner Mamendéieren hu Wale Longen a mussen, fir Loft ze huelen, un d'Waasseruewerfläch. Dobäi ootme se duerch en Ootmungslach uewen um Kapp.

Um Spaweck

Commons: Walen – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Walen: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )