dcsimg

Schwaarzen Hielenter ( Luxemburguês; Letzeburgesch )

fornecido por wikipedia emerging languages
 src=
Als Bam an der Bléi
 src=
Bléien
 src=
Zeideg Friichten

Schwaarzen Hielenter (Sambucus nigra) ass en Trausch aus der Gattung Hielenter (Sambucus). Et ass eng vun den heefegsten Trauschaarten a Mëtteleuropa. D'Bléien an d'Friichten dovu ginn aals Heelmëttel, Liewensmëttel a fir ze fierwe benotzt.

Beschreiwung

D'Traisch vum Schwaarzen Hielenter gi bis zu bis 11 Meter héich, heiansdo a Form vun engem klenge Bam mat villen Äscht. D'Schuel ass grobrong an et si Korkporen drop, déi méi hell sinn. Déi méi déck Äscht an de Stamm hunn eng korkaarteg Schuel mat Fueren de laange Wee. D'Wuerzele ginn net an d'Déift mä an d'Breet.

D'Bléien a Form vu schiermfërmege Rispen, déi bis zu 30 cm grouss ginn, an déi aus villen Eenzelbléie bestinn, kommen tëscht Mee a Juni eraus. Si hu schonn deen typeschen Hielentergeroch. Déi ronn 6mm grouss Friichten (et si Steefriichten, deemno keng Bieren) ginn am August-September zeideg, wa se bal ganz schwaarz sinn. Si si räich u Vitamin C an u Kalium. Hire Jus ass donkelrout-mof, a schwéier aus de Kleeder ze wäschen. An all Fruucht sinn dräi Somkären. D'Villercher, déi déi Friichte friessen, droe sou zu der Verbreedung vum Schwaarzen Hielenter bäi. D'Blieder, d'Kären an d'net-zeideg Friichte kënne gëfteg sinn. De Jus kann, nodeem en ofgekacht gouf, zu Sirop, Coulis asw. verschafft ginn. Och d'Bléie kënne giess ginn, z. B. panéiert gebak oder frittéiert.

Um Spaweck

Commons: Schwaarz Hielenter – Biller, Videoen oder Audiodateien
licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia Autoren an Editeuren
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Schwaarzen Hielenter: Brief Summary ( Luxemburguês; Letzeburgesch )

fornecido por wikipedia emerging languages
 src= Als Bam an der Bléi  src= Bléien  src= Zeideg Friichten

Schwaarzen Hielenter (Sambucus nigra) ass en Trausch aus der Gattung Hielenter (Sambucus). Et ass eng vun den heefegsten Trauschaarten a Mëtteleuropa. D'Bléien an d'Friichten dovu ginn aals Heelmëttel, Liewensmëttel a fir ze fierwe benotzt.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia Autoren an Editeuren
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages