dcsimg
Image of European alder
Creatures » » Plants » » Dicotyledons » » Birch Family »

European Alder

Alnus glutinosa (L.) Gaertn.

Alenter ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Den Alenter (Alnus glutinosa) oder och Schwaarzeller, ass e Lafbam, deen am Wanter seng Blieder verléiert, aus der Gattung vun den Alnus (Elleren) a gehéiert domat zu der Famill vun de Betulaceae (Bierkeplanzen).

En ass, ausser an Nordskandinavien an an Island, a ganz Europa verbreet. Alenter gi gewéinlech kaum méi wéi 120 Joer al, wuesse séier a brauche vill Luucht. Si verdroe suppeg bis naass Biedem, déi zäitweileg iwwerschwemmt sinn, zimmlech gutt a sinn dofir dacks Pionéierbeem a mouerzegem Terrain oder am Iwwerschwemmungsgebitt vu Baachen a Flëss.

D'Holz ass ënner Waasser ganz resistent a gouf dofir schonn an der Jonksteenzäit gebraucht als Péil fir ënnert dem Buedem, op deene gebaut gouf.

Charakteristesch sinn hir zäpchenaarteg Fruuchtstänn, déi och iwwert de Wanter um Bam bleiwen, Blieder déi vir ofgeronnt sinn an eng schwaarzbrong "zerrappt" Bamkuuscht bei eelere Beem.

Galerie

Um Spaweck

Commons: Alnus glutinosa – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Alenter: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )