Den Zitrounesänger (Protonotaria citrea) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Bëschsänger an der Ënneruerdnung vun de Sangvullen.
Am Däitschen heescht de Vull Zitronenwaldsänger, am Franséischen paruline orangée.
Vun uewe gesinn ass d'Plommekleed olivgréng mat blo-groe Flilleken a Schwanzplommen. Déi baussenzeg Plommen hu wäiss Flecken. D'Bauchsäit ass giel. D'Weibchen an déi Jonk hunn e giele Kapp, de Männchen en orange-gielen. D'Zitrounesänger hunn donkelgro bis schwaarz Been, schwaarz Aen an e spatze laange Schniewel. Hire Kierper ass eng 14 Zentimeter laang.
Den Zitrounesänger lieft an Amerika. Den typesche Liewensraum vum Zitrounesänger si Suppe mat Beem.
Zitrounesänger friessen Insekten, déi se meeschtens am vermuuschten Holz fannen, Schleeken a Kriibsdéieren. Jee no der Saison kommen nach Nektar an Uebst mat dobäi.