De Marderhond (Nyctereutes procyonoides), och heiansdo als Tanuki ernimmt, ass déi eenzeg lieweg[1] Raubdéierenaart aus der Gattung Nyctereutes (Marderhënn) bannent der Famill vun den Hënn (Canidae). Dat originellt Verbreedungsgebitt vum Marderhond läit a China, Japan, Russland, Nordkorea, Südkorea, an der Mongolei an am Vietnam. Se liewe gewéinlech a Biergbëscher. D'Déier, dat an Europa ageféiert gouf, ass do an der Tëschenzäit wäitverbreet[2]. D'Aart ass an der EU als invasiv klassifizéiert[3]. En ass zu Lëtzebuerg nach net nogewisen[4].
Vum Kapp bis un den Hënner gi se 66–80 cm laang a se hunn e Schwanz dee 15–25 cm laang ass. D'Gewiicht ass tëscht 4–6 kg (am Summer) oder tëscht 6–10 kg (am Wanter). An der Wanterzäit halen d'Marderhënn aus dem Nordareal eng kuerz Wanterrou[5].
Et gëtt fënnef Ënneraarte vum Nyctereutes procyonoides[6].
De Marderhond gëtt a Japan "Tanuki" (狸 / タヌキ) oder "Bake Danuki" (化け狸 / ばけだぬき) genannt. Den Tanuki ass e bekannte Personnage vun der japanescher Mythologie. Et ass eng Kreatur mat positiver Konnotatioun, déi gewéinlech als Hengeyōkai (Metamorph) representéiert gëtt[7][8].
De Marderhond (Nyctereutes procyonoides), och heiansdo als Tanuki ernimmt, ass déi eenzeg lieweg Raubdéierenaart aus der Gattung Nyctereutes (Marderhënn) bannent der Famill vun den Hënn (Canidae). Dat originellt Verbreedungsgebitt vum Marderhond läit a China, Japan, Russland, Nordkorea, Südkorea, an der Mongolei an am Vietnam. Se liewe gewéinlech a Biergbëscher. D'Déier, dat an Europa ageféiert gouf, ass do an der Tëschenzäit wäitverbreet. D'Aart ass an der EU als invasiv klassifizéiert. En ass zu Lëtzebuerg nach net nogewisen.
Vum Kapp bis un den Hënner gi se 66–80 cm laang a se hunn e Schwanz dee 15–25 cm laang ass. D'Gewiicht ass tëscht 4–6 kg (am Summer) oder tëscht 6–10 kg (am Wanter). An der Wanterzäit halen d'Marderhënn aus dem Nordareal eng kuerz Wanterrou.
Et gëtt fënnef Ënneraarte vum Nyctereutes procyonoides.
De Marderhond gëtt a Japan "Tanuki" (狸 / タヌキ) oder "Bake Danuki" (化け狸 / ばけだぬき) genannt. Den Tanuki ass e bekannte Personnage vun der japanescher Mythologie. Et ass eng Kreatur mat positiver Konnotatioun, déi gewéinlech als Hengeyōkai (Metamorph) representéiert gëtt.