dcsimg

Kar (Planz) ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Kar (Secale cereale), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruucht-Aart, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Villméi gëtt ugeholl, datt e virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat rekoltéiert gouf[1].

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir Brout aus sengem Miel ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Déierefudder geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf de Kar nëmmen op liichte (sandege) Bieden a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn[2].

Zesummesetzung

Waasser 9 % Protein 12 % Fett 2,5 % Kuelenhydrater 65 % Ballaststoffer 9,5 % Mineralstoffer 2 %

Donnéeë fir 100 g

Brennwäert 1400 kJ

Mineralstoffer

Calcium 33 mg Eisen 2,67 mg Magnesium 121 mg Phosphor 374 mg Kalium 264 mg Natrium 6 mg Zénk 3,73 mg Koffer 0,450 mg Mangan 2,680 mg Selen 0,035 mg

Vitaminnen

Thiamin 0,316 mg Riboflavin 0,251 mg Niacin 4,270 mg Pantothensaier 1,456 mg Vitamin B6 0,294 mg Folsaier 0,060 mg Vitamin E 1,870 mg Alpha-Tocopherol 1,280 mg

Aminosaieren

Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g

Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Aarte vereenegt.

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt

No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar rekoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt (2005) Rang Land Quantitéit
(an Dausend Tonnen) Plaz Land Quantitéit
(an Dausend t) 1 Russesch Federatioun 3.630 9 Tschechesch Republik 197 2 Polen 3.359 10 USA 191 3 Däitschland 2.794 11 Éisträich 164 4 Ukrain 1.184 12 Frankräich 149 5 Wäissrussland 1.155 13 Dänemark 132 6 China 748 14 Spuenien 126 7 Kanada 367 15 Schweden 112 8 Tierkei 260 Welt 15.515

Quell: FAO, Faostat, 2006[3]

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun 1990 bei 2.366 Tonnen. Dës goung bis 2006 op 8.727 Tonnen erop, fir dann nees, bis 2011 op 4.189 Tonnen erofzegoen.[4]

Referenzen

  1. A Géigende mat rauem Klima ass den Undeel vu Kar an der Rekolt no an no geklommen, fir op ganz aarme Bieden a kille Gebidder praktesch 100 % vun der Rekolt auszemaachen. Sou erkläert sech déi fréier staark Dominanz vum "Kuarren" am Éislek grad sou wéi an de meeschte Gebidder an Europa déi méi héich leien.
  2. Dës Mëschung gëtt op Franséisch méteil genannt. Cf. pp. 113-114 in: Fischer, Eugène, 1860. Notices historiques sur la situation agricole du grand-duché de Luxembourg. 254 p. 2e éd. V. Bück, Luxembourg.
  3. FAO, Faostat [1], Statistik vun der FAO 2006
  4. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L’agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012., op statistiques.public.lu.

Literatur

  • Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e. V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
  • Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
  • Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.

Um Spaweck

Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Kar (Planz): Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Kar (Secale cereale), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruucht-Aart, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Villméi gëtt ugeholl, datt e virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat rekoltéiert gouf.

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir Brout aus sengem Miel ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Déierefudder geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf de Kar nëmmen op liichte (sandege) Bieden a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren