dcsimg

Viola arsenica ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Viola arsenica ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung vun de Vioulen (Viola) aus der Famill vun de Viouleplanzen (Violaceae). Se gouf 1894 vum éisträichesche Biolog Günther Beck beschriwwen[1][2].

D'Aart ass am Süde vun Nordmazedonien endeemesch. Hiert Verbreedungsgebitt läit nëmmen an der Oflagerung Alšar (Allchar) op der Grenz mat Griicheland, 40 km südwestlech vun der Stad Prilep[3]. D'Biedem vun Alšar hu vill Arsen, Antimon, Thallium an anerer Schwéierelementer, deemno ass d'Viola arsenica eng Extremophilenaart[4], an huet se d'Plaze mat engem grousse Gehalt vun Arsen léiwer (cf. de wëssenschaftlechen Numm)[5]. D'Aart ass awer net eemoleg an dëser Hiisicht : d’Viola allchariensis an d’Viola tricolor subsp. macedonica sinn och "Arsenophilen" a wuessen och an dësem Gebitt[4]. Arsen akkumuléiert gréisstendeels an der Wuerzel vun der V. arsenica[6].

De Stamm ass bis 20 cm héich[7]. D'Blieder sinn hellgréng, vun enger ovaler oder bal häerzfërmeger Form. D'Blumme si giel oder (rar) violett mat breete Bléiebleider. D'Planz blitt am Mee[8] oder am Fréisummer[7].

D'Chromosomenzuel : 2n=20[9].

Referenzen

  1. http://tropicos.org/Name/33800620
  2. http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/kew-2464106
  3. http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/e899211be938cf3975bd314f4eb215fe
  4. 4,0 4,1 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/24912236
  5. http://archive.li/E8RzJ
  6. https://www.researchgate.net/publication/254305412_Accumulation_of_arsenic_and_heavy_metals_in_some_Viola_species_from_an_abandoned_mine_Alchar_Republic_of_Macedonia_FYROM
  7. 7,0 7,1 http://encyclopaedia.alpinegardensociety.net/plants/Viola/arsenica
  8. 18 abt. 2 – Beihefte zum botanischen Centralblatt.
  9. http://tropicos.org/Name/33800620?tab=chromosomecounts
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Viola arsenica: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Viola arsenica ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung vun de Vioulen (Viola) aus der Famill vun de Viouleplanzen (Violaceae). Se gouf 1894 vum éisträichesche Biolog Günther Beck beschriwwen.

D'Aart ass am Süde vun Nordmazedonien endeemesch. Hiert Verbreedungsgebitt läit nëmmen an der Oflagerung Alšar (Allchar) op der Grenz mat Griicheland, 40 km südwestlech vun der Stad Prilep. D'Biedem vun Alšar hu vill Arsen, Antimon, Thallium an anerer Schwéierelementer, deemno ass d'Viola arsenica eng Extremophilenaart, an huet se d'Plaze mat engem grousse Gehalt vun Arsen léiwer (cf. de wëssenschaftlechen Numm). D'Aart ass awer net eemoleg an dëser Hiisicht : d’Viola allchariensis an d’Viola tricolor subsp. macedonica sinn och "Arsenophilen" a wuessen och an dësem Gebitt. Arsen akkumuléiert gréisstendeels an der Wuerzel vun der V. arsenica.

De Stamm ass bis 20 cm héich. D'Blieder sinn hellgréng, vun enger ovaler oder bal häerzfërmeger Form. D'Blumme si giel oder (rar) violett mat breete Bléiebleider. D'Planz blitt am Mee oder am Fréisummer.

D'Chromosomenzuel : 2n=20.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Арсенска темјанушка ( Macedonian )

provided by wikipedia emerging languages

Арсенска темјанушка (науч. Viola arsenica) е македонско ендемско растение од фамилијата на темјанушкоцветни. Се наоѓа на локалитетот Алшар, кој представува locus classicus на овој вид и таа е ограничена само тука.[1][2]

Наводи

  1. Huxley, A., ed. 1992. The new Royal Horticultural Society dictionary of gardening. (Dict Gard)
  2. Tutin, T. G. et al., eds. 1964–1980. Flora europaea. (F Eur)
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Автори и уредници на Википедија

Арсенска темјанушка: Brief Summary ( Macedonian )

provided by wikipedia emerging languages

Арсенска темјанушка (науч. Viola arsenica) е македонско ендемско растение од фамилијата на темјанушкоцветни. Се наоѓа на локалитетот Алшар, кој представува locus classicus на овој вид и таа е ограничена само тука.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Автори и уредници на Википедија