dcsimg

Natrix maura ( Aragonese )

provided by wikipedia emerging languages

Natrix maura ye una especie de cullebra común en ríos y zonas humidas d'os países que rodeyan a la Mediterrania Occidental. Presenta una coloración variable pero asobén bi ha tacas escuras fendo un dibuixo en zig-zag que se pareixe a lo d'os escurzons. Os eixemplars adultos cazan ranas, zapos y peixes.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia authors and editors

Vipernatter ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src=
Verbreedung vun der Vipernatter

D' Vipernatter (Natrix maura),ass eng Schlaangenaart aus der Famill vun den Natteren (Colubridae). Si ass a Südwesteuropa an Nordwestafrika doheem an ass net gëfteg.

Charakteristiken

Si gëtt 70 bis 90 (sielen 100) Zentimeter laang, woubäi d'Männchen eppes méi kleng ass wéi d'Weibchen. SI si brongelzech oder groelzech, mat enger gieler, rouder oder olivgrénger Téinung. Um Réck hu se donkel Flecken, déi e Sträifen- oder Zickzackmuster maache kënnnen. Si kann dowéinst mat der Kräizotter verwiesselt ginn, huet ower, anescht wéi déi, ronn Pupillen. Heianansdo huet s'och zwou hell (giel oder roudelzech) Sträifen de laange Wee um Réck. Um Kapp ass dacks e Muster a Form vun engem oder zwéi V-en.

Si ass net gëfteg.

Verbreedung

Et fënnt een d'Vipernatter op der Iberescher Hallefinsel, de Balearen, a Frankräich (ausser an der Bretagne, der Normandie, der Kanalküst an dem Elsass), Deeler vun der Schwäiz, an Nordwest-Italien, op Sardinien, op Korsika an an Nordwestafrika.

Habitat

Vipernattere liewen a waarme Géigenden gär bei rouege Gewässer, an deenen se sech och dacks ophalen. Si kënne gutt schwammen an bis zu enger Véierelstonn ënenr Waasser bleiwen.

Ernierung

Si erniere sech vu Fësch, Amphibien, an deenen hiren Eeër a Larven, déi se ënner Waasser oder um Land fänken, heiansdo och vu Wierm an Insekten.

Reproduktioun

Vipernattere verkoppele sech am Fréijoer, nom Wanterschlof. D'Weibche leet dono tëscht 3 a 16 Eeër, déi tëscht 28-40 mm op 14-19 mm grouss sinn, an e Lach um Uwänner vun engem Gewässer. Jee no Temperatur dauert et 6 bis 13 Wochen, bis déi Neigebueren erauskommen, déi da 14 bis 22 cm laang sinn.

Um Spaweck

Commons: Natrix maura – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Vipernatter: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages
 src= Verbreedung vun der Vipernatter

D' Vipernatter (Natrix maura),ass eng Schlaangenaart aus der Famill vun den Natteren (Colubridae). Si ass a Südwesteuropa an Nordwestafrika doheem an ass net gëfteg.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren