Den Happ (Hopfen), (botanesch: Humulus L.) ass eng Planzegattung an der Famill vun den Hanfgewächser. Et si Kloterplanzen. De bekannteste Vertrieder aus der Gattung ass den Echten Happ (Humulus lupulus), deen als Zousatz an der Béierproduktioun gebraucht gëtt an dem Béier säi battere Geschmaach verschaaft.
An den Happzapen ass, nieft anere Wierkstoffer, de Batterstoff Lupulin enthalen. Als Téi gedronk, ass den Happ wierksam bei nervösem Kappwéi, Daarmkrämp, Duerchfall, Giicht, Rheuma an e wierkt als Schlofmëttel. Den Happtéi däerf awer net als Dauergedrénks benotzt ginn.