dcsimg
Imagem de Rã-arborícola-europeia
Life » » Reino Animal » » Vertebrados » » Anfíbios » Anura » Hylidae »

Rã Arborícola Europeia

Hyla arborea (Linnaeus 1758)

Europäeschen Heckefräsch ( Luxemburguês; Letzeburgesch )

fornecido por wikipedia emerging languages
 src=
En Heckefräsch op engem Christusstaf (Typha sp.).

Den Europäeschen Heckefräsch (Hyla arborea), meeschtens einfach Heckefräsch genannt, ass e Fräsch aus der Famill vun den Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae).

D'Heckefräschen heesche sou well se sech meeschtens op de Blieder an an den Äscht vun Hecken an aneren Traisch ronderëm hiert Gewässer ophalen.

Beschreiwung

De Kierper, ouni d'Patten, ass 3 bis 4,5 cm laang, bei de Weibercher bis zu 5 cm. D'Ae stinn däitlech aus dem Kapp eraus, d'Pupillen hunn eng horizontal-elliptesch Form. D'Iris ass goldgiel. Am Däischteren dilatéiere sech d'Pupille sou wäit, datt se de siichtbaren Deel vum A bal ganz fëllen. D'Trommelfell ass däitlech ze gesinn. Déi viischt Bee sinn opfälleg kuerz an d'Patten hu jee véier Fangeren. Déi hënnescht Patten hu jee fënnef Zéiwen. D'Fangeren an d'Zéiwen hunn Haftscheiwen. De viischten Deel vum Männche sengem Hals ass giel bis gielbrong gefierft an d'Haut huet, do wou d'Schallblos ass, opfälleg Falen; beim Weibchen ass déi Haut wäiss bis hellgro, ouni Falen, gesäit awer liicht käreg aus. Dës Kennzeechen erlaben et déi zwee Geschlechter liicht z'ënnerscheeden.

D'Haut um Réck vum Heckefräsch ass glat a meeschtens gréng gefierft. Um Bauch ass d'Haut wäiss bis hellgro a liicht käreg. Op béid Säite vum Kierper zitt sech eng däischter Sträif vun den Nueslächer iwwer d'Trommelfell bis op déi hënnescht Hëft.

D'Heckefräsche kënne relativ séier hir Kierperfaarf änneren, vun hell- bis däischtergréng a vun hellgro bis gielgréng, jee nodeem wou se sech ophalen.

Verbreedung

Den Europäeschen Heckefräsch ass mat e puer Ënneraarten iwwer ganz Mëttel- a Südeuropa vu Portugal a Spuenien am Westen a Südschweden am Norden, bis a Griicheland an och d'Tierkei verbreet. Am Oste geet d'Verbreedungsgebitt bis a Russland, do ongeféier bis zum Floss Don. An der Schwäiz war d'Aart fréier heefeg ze fannen, ass awer haut do ausgestuerwen. Am Süde vu Portugal, Spuenien a Frankräich sinn d'Heckefräschen duerch eng aner Aart, de Mëttelmier-Heckefräsch (Hyla meridionalis) vertrueden. An Italien lieft eng separat, no verwandt Aart, den Italieeneschen Heckefräsch (Hyla intermedia).

Kloteren

D'Heckefräsche klotere flénk an der Vegetatioun erëm. Dat ass méiglech well se un den Extremitéite vun hire Fangeren an Zéiwen opfälleg Haftballen hunn. Beim Kloteren op glater Uewerfläch presse se hir Haftscheiwen op d'Ënnerlag a fixéiere se andeems se se liicht no hannen zéien. Dobäi scheeden d'Ballen eng Hautflëssegkeet aus, déi d'Festhalen erliichtert an duerno als Foussspur op der Ënnerlag ze gesinn ass. Mat Liichtegkeet kënnen d'Heckefräschen sou och op spigelglate Flächen eropklammen.

Reproduktioun

Ruffen a Balz

 src=
E Männche beim Ruffe mat opgeblosener Schallblos.
Concert vun de Männercher vum Europäeschen Heckefräsch

Soubal am Fréijoer d'Temperaturen nuets op wéinstens 12-14 °C klammen, fänken d'Männercher un ze ruffen. Hir Concerten dauere meeschtens vu Sonnenënnergank bis Mëtternuecht. Véier- bis sechsmol an der Sekonn widderhuele se hire charakteristesche Ruff - geck... geck... geck - dee bis op eng Distanz vun e puer Kilometer ze héieren ass. Hir Schallblos wierkt dobäi wéi e Resonanzverstäerker. Mat hirem Ruffe lackelen d'Männercher d'Weibercher un, déi aus hire Wanterquartéiere bei d'Läichgewässer zéien. Sou bal e Weibchen engem Männche méi no kënnt, klëmmt deen op säi Réck a gräift et hanner de viischte Patten. Am Moment wou d'Weibchen d'Eeër ausstéisst - bis dohi kënnen e puer Stonnen oder och Deeg vergoen -, stéisst de Männche seng Somflësseggkeet aus an d'Eezelle gi befrucht.

Läich

D'Eeër gi meeschtens vun Abrëll bis Mee ofgeluecht, dat a Form vu Kludderen, wouvu jiddwereng am Waasser bis zur Déckt vun enger Noss opquëllt. Eng Eeërkludder besteet meeschtens aus 30 bis 80, seele bis zu 100 Eeër. D'Eeër ginn, op Plaze wou d'Waasser net déif ass, un d'Planze gepecht. E Weibche ka bis zu e puer Dosen Eekludderen an enger Nuecht ofleeën, wat zesummen an engem Fréijoer tëscht 150 a 1100 Eeër ausmécht. Jiddwer Ee, mat engem Duerchmiesser vun 1,5 bis 2 mm, sëtzt an enger Enveloppe aus enger gellisaartegem Substanz.

Kauzekäpp

Wann s'aus dem Ee erauskomme sinn d'Kauzekäpp ca. 3–5 mm laang. Fir hir Entwécklung bis zur Metamorphos brauche se jee no Temperatur vum Waasser an Ernierungszoustand 50 bis 80 Deeg a sinn dann tëscht 35 a 50 mm grouss. Si hunn a staarke Rudderschwanz mat opfälleg breede Flosseborden. Deen ieweschte Bord zitt sech no vir bis tëscht d'Aen - wat wichteg bei der Bestëmmung am Verglach mat de Kauzekäpp vun anere Fräschenaarten ass. A Mëtteleuropa verloossen déi jonk Heckefräschen d'Waasser meeschtens vu Juli bis August.

Den Heckefräsch zu Lëtzebuerg

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war den Heckefräsch verspreet iwwer ganz Lëtzebuerg ze fannen.[1] An den 1960er an 1970er Jore gouf d'Aart an 9 Rasterquadrate vu jee 4 km Säitelängt, dovu 6 am Guttland an 3 am Éislek nogewisen.[2]

No 1980 ass de Bestand vum Heckefräsch drastesch zréckgaangen. Mëtt der 1990er Jore gouf d'Aart nëmme méi op dräi Plazen, dovun zwou am Kanton Réiden an eng aner am Kanton Réimech fonnt.[3]

No 1994 huet den Naturschutzsyndikat SICONA am Guttland eng ganz Rëtsch nei Dëmpele geschaf a gläichzäiteg anerer fir d'Erhale vum Heckefräsch optimiséiert. D'Resultat dovu war, datt am Joer 2000 den Heckefräsch op 16 Plazen am Land konnt nogewise ginn.

Duerch natierlech Verännerungen, virun allem d'Zouwuesse vun den 'neien' Dëmpele mat Christusstaf, hu sech awer d'Liewensbedingunge fir den Heckefräsch nees verschlechtert, an 2009 gouf et nëmme méi eng eenzeg kleng Populatioun am Land.

Zanter 2011 goufen du vum SICONA-Westen, an Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung nei Initiative lancéiert fir den Heckefräsch z'erhalen: nei Weiere goufen ugeluecht, anerer fir den Heckefräsch optimiséiert an et goufen Heckefräsche gezillt an ausgesat (2012: 1100 an 2013 500 Déieren).[4]

Literatur

  • Ferrant, V., 1922. Faune du Grand-Duché de Luxembourg. Deuxième partie: Amphibiens et Reptiles. Annexes au Bulletin mensuel de la Société des naturalistes luxembourgeois 16: 1-55.
  • Junck., C. & F. Schoos, 2003. Hyla arborea (Linnaeus, 1758). In: R. Proess (ed.): Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 37: 58-63. [1].
  • Parent, G. H., 1979. Atlas commenté de l'herpétofaune de la Belgique et du Grand-Duché de Luxembourg. Les Naturalistes Belges, 88 pp.

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. Ferrant, V., 1922.
  2. G. H. Parent, 1979.
  3. Proess, R. & F. Baden, 1996.
  4. (SCL), 2013. Der Natur eine Chance geben. Umweltminister Marco Schank entlässt 250 Laubfrösche in die Freiheit. Luxemburger Wort vum 10. August 2013, S. 18.
licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia Autoren an Editeuren
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Europäeschen Heckefräsch: Brief Summary ( Luxemburguês; Letzeburgesch )

fornecido por wikipedia emerging languages
 src= En Heckefräsch op engem Christusstaf (Typha sp.).

Den Europäeschen Heckefräsch (Hyla arborea), meeschtens einfach Heckefräsch genannt, ass e Fräsch aus der Famill vun den Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae).

D'Heckefräschen heesche sou well se sech meeschtens op de Blieder an an den Äscht vun Hecken an aneren Traisch ronderëm hiert Gewässer ophalen.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia Autoren an Editeuren
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Hasselpogg ( Baixo-Saxão )

fornecido por wikipedia emerging languages

De Hasselpogg is en Pogg, de in Middeleuropa leevt.

Utsehn

De Hasselpoggen sünd so 3 bet 4,5 Zentimeter groot, dat Seken warrt woll ok bet 5 Zentimeter groot. Dat Seken bringt mit 6 bet 9 Gramm ok mehr op’e Waag as dat Heken mit 3,5 bet 7 Gramm. An’e Tehn hebbt de Poggen lütte Schieven, mit de se good an’n Ünnergrund anbackt un ok kleddern köönt. Dat geiht över Adhäsion. De Huut is glatt un op’n Rügg mehrsttiets gröön. De Buuk is mehr gries.

Levensruum

De Hasselpogg leevt in Europa vun Portugal bet Grekenland, vun Süüdsweden bet na’n Donstroom in Russland ran.

Kiek ok bi

Weblenken

Commons-logo.svg . Mehr Biller, Videos oder Audiodateien to’t Thema gifft dat bi Wikimedia Commons.
licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia authors and editors
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Hasselpogg: Brief Summary ( Baixo-Saxão )

fornecido por wikipedia emerging languages

De Hasselpogg is en Pogg, de in Middeleuropa leevt.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia authors and editors
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Hyla arborea ( Aragonesa )

fornecido por wikipedia emerging languages

Hyla arborea ye una especie d'anuro arbolicola y a especie més común d'a suya familia en Europa.

Habitat

Vive en terrenos con augua permanent como basas, lacunas u partz lentas d'os ríos, on en as marguins abunda a vechetación. Hyla arborea ocupa preferiblement puestos on bi haiga árbols, maticals y atras vechetacions densas que li permitan de camuflar-se y estar a man de l'augua.

Distribucion

Present en as zonas mediterranias europeas. Amplament distribuita por Europa, dende Ucraína y Belarrusia, dica os Balcans, Creta, Italia, Benelux, Alemanya, asinas como gran part de Francia y Peninsula Iberica. En Aragon se troba en as sierras de Moncayo, de Cucalón, d'Albarrazín, o Galacho de Chuslibol y Sierra d'Alcubierre.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia authors and editors
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Hyla arborea: Brief Summary ( Aragonesa )

fornecido por wikipedia emerging languages

Hyla arborea ye una especie d'anuro arbolicola y a especie més común d'a suya familia en Europa.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia authors and editors
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Rinne côrrece ( Valão )

fornecido por wikipedia emerging languages

Ene rinne côrrece (on dit eto : rinne côrete, côrete, rinne côrasse), c' est ene pitite rinne tote vete, ki vike dins les åbes, copurade les côrîs.

No e sincieus latén Hyla arborea

Alez s' vey e splitchant motî po des linwincieusès racsegnes so les mots "côrrece", "côrete" et "côrasse"

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Wikipedia authors and editors
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Ευρωπαϊκός δεντροβάτραχος ( Grego, Moderno (1453-) )

fornecido por wikipedia emerging languages

Ο Ευρωπαϊκός δεντροβάτραχος, Hyla arborea (Linnaeus, 1758) είναι ένα είδος μικρού βατράχου της οικογένειας Hylidae, που απαντάται στην Ευρώπη. Βάσει πρόσφατων γενετικών μελετών ένας αριθμός taxa, που προηγουμένως αποτελούσαν υποείδη του H. arborea, πλέον αναγνωρίζονται ως είδη[1][2][3].

Περιγραφή

Οι Ευρωπαϊκοί δεντροβάτραχοι είναι μικροί, με τα αρσενικά να κυμαίνονται μεταξύ 32-43mm και τα θηλυκά μεταξύ 40-50mm σε ολικό μήκος. Συνήθως είναι πράσινοι, αλλά μπορεί να έχουν και γκρι χρώμα, ανάλογα με τη θερμοκρασία, την υγρασία ή τη διάθεσή τους. Τα θηλυκά έχουν λευκό λαιμό, ενώ τα αρσενικά έχουν χρυσό-καφέ λαιμό, με διπλωμένους του φωνητικούς σάκους τους[4].

Γεωγραφική κατανομή

Απαντάται στην βορειοδυτική, κεντρική και νοτιοδυτική Ευρώπη[3]. Στην Ελλάδα απαντάται στην ηπειρωτική Ελλάδα, εκτός από το ανατολικό τμήμα της Θράκης, όπου αντικαθίσταται από τον Ασιατικό δεντροβάτραχο. Επίσης, εντοπίζεται στην Πελοπόννησο και σε αρκετά νησιά: Εύβοια, Κρήτη, Κέρκυρα, Λευκάδα, Κεφαλλονιά, Ζάκυνθος, Θάσος, Άνδρος, πιθανόν σε περισσότερα νησιά[5]. Οι πληθυσμοί στα ανατολικά νησιά του Αιγαίου (Σάμος, Χίος, Λέσβος, Ρόδος, Κως) θεωρείται ότι ανήκουν στον Ασιατικό δεντροβάτραχο[2].

Παραπομπές

  1. Stöck M., Dubey S., Klütsch C., Litvinchuk S.N., Scheidt U., and Perrin N. (2008). Mitochondrial and nuclear phylogeny of circum-Mediterranean tree frogs from the Hyla arborea group. Molecular Phylogenetics and Evolution 49: 1019-1024.
  2. 2,0 2,1 Stöck M., Dufresnes C., Litvinchuk S.N., Lymberakis P., Biollay S., Berroneau M., Borzée A., Ghali K., Ogielska M., and Perrin N. (2012). Cryptic diversity among Western Palearctic tree frogs: Postglacial range expansion, range limits, and secondary contacts of three European tree frog lineages (Hyla arborea group). Molecular Phylogenetics and Evolution 65: 1-9.
  3. 3,0 3,1 Speybroeck, J., Beukema, W., Bok, B., Van Der Voort, J. (2016). Field Guide to the Amphibians and Reptiles of Britain and Europe.. San Diego, USA: Bloomsbury Natural History.
  4. Haltenorth, T. (1979). British and European Mammals, Amphibians, and Reptiles’’. Irwin & Co. Ltd., p. 126.
  5. «.:| herpetofauna.gr |:. ..Ελληνική Ερπετοπανίδα». www.herpetofauna.gr (στα Αγγλικά). Ανακτήθηκε στις 23 Ιανουαρίου 2018.
licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Συγγραφείς και συντάκτες της Wikipedia
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Ευρωπαϊκός δεντροβάτραχος: Brief Summary ( Grego, Moderno (1453-) )

fornecido por wikipedia emerging languages

Ο Ευρωπαϊκός δεντροβάτραχος, Hyla arborea (Linnaeus, 1758) είναι ένα είδος μικρού βατράχου της οικογένειας Hylidae, που απαντάται στην Ευρώπη. Βάσει πρόσφατων γενετικών μελετών ένας αριθμός taxa, που προηγουμένως αποτελούσαν υποείδη του H. arborea, πλέον αναγνωρίζονται ως είδη.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Συγγραφείς και συντάκτες της Wikipedia
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Квакша звычайная ( Bielorrussa )

fornecido por wikipedia emerging languages

Квакша звычайная (Hyla arborea, драўнянка) — невялікае земнаводнае сямейства квакшаў.

Апісаньне

Даўжыня цела дасягае 35—45 мм, вядомая максымальная даўжыня — 52 мм; маса 4—9 г. Зьверху квакша афарбавана ў ярка-зялёны колер, зьнізу — у жаўтавата-белы. Верхняя і ніжняя часткі цела падзелены тонкай чорнай палосай, якая пашыраецца ззаду і ўтварае пятлю ўгару у вобласьці пахвіны. Зьверху цёмная палоса мае белы беражок. Афарбоўка квакшаў прыкметна мяняецца ў залежнасьці ад тэмпэратуры і вільготнасьці навакольнага асяродзьдзя (напр., пры паніжэньні тэмпэратуры і павьшэньні вільготнасьці афарбоўка цямнейшая).

Цела зграбнае, канечнасьці адносна тонкія і доўгія. Кончыкі пальцаў квакшы расшыраны ў дыскі, якія зьяўляюцца прыстасаваньнем да лажання па дрэвах (па вэртыкальных паверхнях). Дыскі на кончыках пальцаў дапамагаюць ёй прыклейвацца да лістоў, галін, ствалоў дзякуючы таму, што яны багатыя на лімфатычныя і сьлізістыя залозы. Самцы маюць слаба разьвітыя шлюбныя мазалі.

Літаратура

  • Земнаводныя. Паўзуны: Энцыклапедычны даведнік. - Мн., БелЭн, 1996. ISBN 985-11-0067-6
  • Пікулік М.М. Навошта нам амфібіі? - Мн.: Навука і тэхніка, 1992. ISBN 5-343-00383-4

Вонкавыя спасылкі

Commons-logo.svgсховішча мультымэдыйных матэрыялаў

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Аўтары і рэдактары Вікіпедыі
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages

Квакша звычайная: Brief Summary ( Bielorrussa )

fornecido por wikipedia emerging languages

Квакша звычайная (Hyla arborea, драўнянка) — невялікае земнаводнае сямейства квакшаў.

licença
cc-by-sa-3.0
direitos autorais
Аўтары і рэдактары Вікіпедыі
original
visite a fonte
site do parceiro
wikipedia emerging languages