Wanzen (Heteroptera) sinn Insekten, déi zu der Uerdnung vun den Hemiptera gehéieren. Et gëtt eng 40.000 bekannten Aarten op der Welt; an Europa liewen der zirka 1.000. Wanze kënne ganz verschidde Formen hunn an ënnerscheede sech och staark, wat hir Liewensformen oder Liewensraim ubelaangt. Et gëtt der, déi de Jus vu Planze suckelen, aner Aarten iwwerfalen aner Insekten, nees anerer, wéi d'Bettwanz, sinn Ektoparasiten. Wanze liewen a Wisen, um Bord vun an a Bëscher, mä och a mënschleche Wunnengen.